Hei probéieren mir iech déi neisten Infos zum Thema Cannabis, Produkt Reviews & Artikelen iwwer verschiddensten Cannabis relevanten Themen un ze bidden.
Ufänken géingen mir direkt mat ärer Meenung par Rapport zur Annonce déi dësen Mount soll kommen.
Meng dier dass den Eegen Ubau Doheem erlaabt wäert gin ? Et ass jo gewosst dass eist Land Cannabis net komplett legaliséieren wäert aus verschiddenen Grënn.
Wat wier ärer Meenung no besser ? Selwer Doheem kennen unzebauen oder Cannabis direkt kennen an engem Geschäft ze kafen ?
Kucken ma eis déi éischt Optiounen un.
1) Selwer ubauen : Duerch Eegen Ubau huet een den immensen Virdeel dass een genau weess mat wat een säin Cannabis ugebaut huet, dat fänkt bei den Genetiken also den Kären un, bis iwwert Düngeren déi benotzt gin an wei et gedréchent an gecured gin ass.
D' Wiel vun der richteger Genetik as wichteg well een doduerch den Wierkspektrum, esou wei d'Aromaen agrenzen kann. Et well een jo eppes ernten an konsuméieren wat déi gewënschten Wierkung an den gewënschten Goût huet.
Genau esou wichteg sinn Düngeren déi een benotzt, haut des Daags gin et enorm vill Düngeren vun syntheetesch bis organesch.
Da kennt natierlech Technik wei een säin Cannabis ubauen well : Buedem, Hydro, indoor, outdoor ?
An zu gudder lescht natierlech dréchnen an curen vun ärem selwer ugebauten Cannabis, dëst ass eng vun den wichtegsten Etappen beim eegen Ubau well et maassgeeblech zur Qualitéit vum End Produit bei dréit.
Iwwer all des Punkten huet een absolut keng Kontroll wann een säin Cannabis an engem Geschäft keeft, ganz dovunner of gesinn vun der qualitéit asw.
CSC
Fir all déi Leit wou selwer net kennen ubauen gëtt et an dësem Zenario natierlech och eng Léisung : Cannabis Social Clubs.
Wan et erlaabt as fir säin privaten Konsum 1,2,3 Planzen doheem unzebauen, dann ass et och erlaabt dëst an engem privaten Kollektiv ënnert da Form vun enger Asbl ze maachen.
Kommentare
Kommentar veröffentlichen