Direkt zum Hauptbereich

Lëtzebuerg huet alt erëm keen Stock méi vun Medezineschem Cannabis !

 Patienten hei am Land sinn et esou lues gewinnt, nodeems leschten Mount déi éischt Liwwerung vum neien kanadeschen Produzent Tilray ukomm ass an un d'Patienten ausgedeelt ginn ass. Sinn Stocken elo schonn erëm eidel, an Patienten sinn rëm déi wou drënner leiden mussen.

Dëst ass natierlech net déi éischte kéier an dowéinst stellt sech d'Fro : Wisou klappt dat net mat der Versuergung ?

Wan een bei eis Noperen an Däitschland kuckt, do gin et des Problemer schonn Joren net méi.

Éischtens gëtt et d'Cannabis Agentur déi da BfArM ënnersteet an zoustänneg ass fir d'Produktioun vun Medezineschen Cannabis an Däitschland.

Zweetens gin et sou genannten " Importateuren " also Firmaen déi vun der BfArM d'Erlabnis hunn Medezineschen Cannabis aus aneren Länner wei zb Kanada, Holland oder Portugal ze importéieren an un Apdikten ze verkafen.

D'Auswahl vun den verschiddenen Zorten ass och extrem grouss esou dass wierklech jiddereen den richtegen Profil fir seng Problemer fannen kann.

Hei am Land leeft dat ganz anescht, den Ministere de la Santé mécht en appel d'offre an waart dann of bis sech d'Firmaen mellen déi intresséiert sinn.

Dono wielen se eng Firma aus, en Cahier de Charge gëtt erstallt an dat war et.

Prozeduren fir dësen Produit kennen ze importéieren sinn laang, mee soulaang wei nëmmen den Ministere de la Santé sech dorëms këmmert an net genuch quantiteiten bestallt gin wäert den Risiko vun den Rupture de stocks ëmmer bestoen bleiwen an sech widderhuelen.

D'Unzuel vun den Patienten hei am Land déi mat medezineschen Cannabis traitéiert gin klemmt vun Joer zu Joer, mee d'quantiteiten déi  bestallt gin net kritt en d'Gefill. Elleng an den éischten 4 Méint des Joer sinn 70kg verschriwwen gin. 

An déi lescht Liwwerung am September waren knapps 28kg, an déi sinn elo fort.

Wat kéint een dogéint ënnerhuelen ?

Eng Idee wier et Patienten ab elo schonn doheem ubauen ze loossen ! Cannabis wäert jo souwisou kenne legal doheem ugebaut gin an nächster Zäit. Also wisou net elo schonn eng Ausnam machen bzw et fir Patienten toleréieren ?

Et gin genuch fäeg Leit hei am Land déi Geschäfter hunn wou een alles un Material an virun allem Erfarung, Erklärungen an allgemeng Hëllef fënnt dofir ewéi zb GreenPlace Grow Shop zu Esch-sur-Alzette oder The Red Calyx zu Reimech.

Eng aner Idee wier, änlech wei an Däitschland, Firmaen ze be opdroen sech em d'Importer ze këmmeren an esou sécher ze stellen dass ëmmer genuch Stocken zur Verfügung stinn. Wan dat an Däitschland mat 80.000 Patienten klappt, klappt et och hei mat eisen iwwer 600 Patienten.




Kommentare

Beliebte Posts aus diesem Blog

Häerzlech Wëllkomm op GreenLXB, ärem neien Blog iwwert Cannabis zu Lëtzebuerg !

Hei probéieren mir iech déi neisten Infos zum Thema Cannabis, Produkt Reviews & Artikelen iwwer verschiddensten Cannabis relevanten Themen un ze bidden. Ufänken géingen mir direkt mat ärer Meenung par Rapport zur Annonce déi dësen Mount soll kommen. Meng dier dass den Eegen Ubau Doheem erlaabt wäert gin ? Et ass jo gewosst dass eist Land Cannabis net komplett legaliséieren wäert aus verschiddenen Grënn. Wat wier ärer Meenung no besser ? Selwer Doheem kennen unzebauen oder Cannabis direkt kennen an engem Geschäft ze kafen ?  Kucken ma eis déi éischt Optiounen un. 1) Selwer ubauen : Duerch Eegen Ubau huet een den immensen Virdeel dass een genau weess mat wat een säin Cannabis ugebaut huet, dat fänkt bei den Genetiken also den Kären un, bis iwwert Düngeren déi benotzt gin an wei et gedréchent an gecured gin ass. D' Wiel vun der richteger Genetik as wichteg well een doduerch den Wierkspektrum, esou wei d'Aromaen agrenzen kann. Et well een jo eppes ernten an konsuméieren wat déi

4 Planzen pro Haushalt sinn an Zukunft legal !

Et ass souwäit ! Den Ubau vun bis zu 4 Planzen pro Haushalt wäert an nächster Zäit legal gin. De Katalog vu verschiddene Moossname wourënner och des nei Reegelungen falen goufen e Freideg vun de fënnef Ministeren Henri Kox, Sam Tanson, Paulette Lenert, Claude Meisch a Jean Asselborn presentéiert. Deemno kennen volljähreg Leit legal Doheem 4 Pflanzen ubauen an den Besetz vun bis zu 3gr get dekorrektionaliséiert. Dat bedeit dass een am Fall wou een mat manner wei 3gr ugehalen gëtt " nëmmen " nach eng Geldstrof vun 25 bis 500 Euro riskéiert an den Cannabis trotzdeem confisquéiert gëtt. Ausserdeem gëtt och neicht an den Casier judiciaire ageschriwwen. Weider Detailer feelen momentan leider nach.  En Schrëtt an déi richteg Richtung, mee wei gesood nëmmen en Schrëtt. Den Wee ass nach laang. Artikel vum RTL