Patienten hei am Land sinn et esou lues gewinnt, nodeems leschten Mount déi éischt Liwwerung vum neien kanadeschen Produzent Tilray ukomm ass an un d'Patienten ausgedeelt ginn ass. Sinn Stocken elo schonn erëm eidel, an Patienten sinn rëm déi wou drënner leiden mussen. Dëst ass natierlech net déi éischte kéier an dowéinst stellt sech d'Fro : Wisou klappt dat net mat der Versuergung ? Wan een bei eis Noperen an Däitschland kuckt, do gin et des Problemer schonn Joren net méi. Éischtens gëtt et d'Cannabis Agentur déi da BfArM ënnersteet an zoustänneg ass fir d'Produktioun vun Medezineschen Cannabis an Däitschland. Zweetens gin et sou genannten " Importateuren " also Firmaen déi vun der BfArM d'Erlabnis hunn Medezineschen Cannabis aus aneren Länner wei zb Kanada, Holland oder Portugal ze importéieren an un Apdikten ze verkafen. D'Auswahl vun den verschiddenen Zorten ass och extrem grouss esou dass wierklech jiddereen den richtegen Profil fir seng Pr
Et ass souwäit ! Den Ubau vun bis zu 4 Planzen pro Haushalt wäert an nächster Zäit legal gin. De Katalog vu verschiddene Moossname wourënner och des nei Reegelungen falen goufen e Freideg vun de fënnef Ministeren Henri Kox, Sam Tanson, Paulette Lenert, Claude Meisch a Jean Asselborn presentéiert. Deemno kennen volljähreg Leit legal Doheem 4 Pflanzen ubauen an den Besetz vun bis zu 3gr get dekorrektionaliséiert. Dat bedeit dass een am Fall wou een mat manner wei 3gr ugehalen gëtt " nëmmen " nach eng Geldstrof vun 25 bis 500 Euro riskéiert an den Cannabis trotzdeem confisquéiert gëtt. Ausserdeem gëtt och neicht an den Casier judiciaire ageschriwwen. Weider Detailer feelen momentan leider nach. En Schrëtt an déi richteg Richtung, mee wei gesood nëmmen en Schrëtt. Den Wee ass nach laang. Artikel vum RTL